Net ouni meng Mask

Image Cover Masque
WAT KANN ECH ALS MASK BENOTZEN?

Meng Mask ass e Schutz dee mäi Mond a meng Nues bedeckt.

Zum Beispill: Schal, Buff, Fischi esou wéi aner stoffen Masken oder medizinesch Masken.

WISOU DINN ECH MENG MASK UN?

Meng Mask schützt mech nëmmen begrenzt virun enger Infektioun, mee mat menger Mask schützen ech d’Leit ronderëm mech.

Ech droe meng Mask aus Solidaritéit zu mengenMatmënschen. Wa méiglech, bleiwen ech doheem.

Wann ech raus ginn, dann #NetOuniMengMask.

WÉINI MUSS ECH MENG MASK UNDOEN?

• Wann ech d’Distanz vun 2 Meter zu Leit, déi net mat mir wunnen, net anhale kann.

• Am ëffentlechen Transport.

• Op Plazen déi e Public empfänken.

 

Kanner ënner 6 Joer musse keng Mask undoen.

WÉI BENOTZEN ECH MENG MASK?

• D’Mask muss de Mond an d’Nues bedecken.

• Stoffe Masken wäschen ech no Gebrauch mat mindestens 60°C.

• Einwegmaske kënnen net gewäsch ginn a mussen nom Gebrauch ewech geheit ginn.

WAT ASS MAT DE GESTES-BARRIÈRE?

D’Mask ass komplementar zu de Gestes-barrière. Dofir ass et weider wichteg dass ech mir reegelméisseg d’Hänn wäschen an de noe Kontakt zu anere Leit evitéieren.

#NetOuniMengMask

Wéi benotzen ech meng Mask?

Medley vu Masken

Meng Mask schützt déi aner

Aktualiséiert